Ewéi quasi all Sonndeg tëschent 09:00 an 12:00 sinn ech « en compagnie » vum Marc ISAYE an senger Radiosemissioun « Les Classiques » op Radio Classic 21 vun der RTBF. —> https://www.rtbf.be/radio/liveradio/classic21
Ech sinn am Gaangen un enger Textiwwersetzung ze schaffen an hat dofir am Virfeld Lautstäerkt niddreg agestallt, fir méi konzentréiert an roueg schaffen ze kënnen.
Kuerz virun halwer zwielef héieren ech bis emol, Lyrics an eng Ufanksmelodie vun engem Song, den ech direkt erkannt hunn, obschonns ech en eng Éiwegkeet net méi héieren hat.
« I’m waiting in my cold cell. When the bell begins to chime. Reflecting on my past life. … »
Den Marc huet wierklech« Hallowed be Ty Name » aus dem Album « The Number of the Beast » vun « Iron Maiden » ogeluecht.

Album cover “Number of the Beast” © EMI / Harvest (North America), RIGGS, Derek (graphic artist)
En Klassiker an wat fir een!
Ech sprangen op an « dréinen op », 🤘🤘, « décken Gas »!
Wat fir eng Stëmm, wat fir en Rhythmus virginn vun enger Batterie, déi mer Gefill gëtt, dass se op mech anheet , wat fir Gittar-Riffs, déi omnipräsent sinn an déi mech wéi eng immens Well einfach of- an mathuelen …
« Méi léiwen J(Sch)ong …, pfff … wierklech « à couper le souffle », « Heavy Metal » vum feinsten!
Ech sinn echt begeeschtert « Yeah, o Yeah, o Yeah Hallowed be Ty Name … an denken zugläich « Wéi laang as dat wierklech schons hier … wéini an wou hues den Song do fir éischt an fir lescht héieren … keng Anung … », sécher ass, et ass schons, en effet, en gudden Strapp hier!
Nom Enn vum Song huet den Marc ISAYE géint 11:36 gemengt: « … Grand classique du groupe, hein … que ce Hallowed be Ty Name … Iron Maiden, ça sortait il y a pile 40 ans, figurez-vous. Et oui, le temps passe … The Number of the Beast …
Eh bien jo, Zäit vergeet!
Fir méi iwwer den Song oder Iron Maiden gewuer ze ginn:
https://en.wikipedia.org/wiki/Hallowed_Be_Thy_Name_(song)
https://en.wikipedia.org/wiki/Iron_Maiden
https://www.ironmaiden.com
Schlësselwierder:
Classic 21, Heavy Metal, Iron Maiden, ISAYE Marc, Les Classiques, Radio, RTBF, The Number of the Beast




